Mercosur: Lëtzebuerger Bauere fäerte bëlleg Fleeschimporter
E Méindeg de Moie war d'Mercosur-Ofkommes Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Lëtzebuerger Baueren hunn eng gewëssen Angscht virum Mercosur-Ofkommes, haaptsächlech fäerte se e Präisdumping beim Import vu Rëndsfleesch, dat erkläert de Jeff Boonen, Bauer an CSV-Deputéierten als Invité vun der Redaktioun.
An de latäinamerikanesche Länner sinn d’Lounkäschte méi niddreg, Ëmweltschützer an ONGe fäerten doriwwer eraus, dass doduerch an der EU verbuede Pestiziden op den Tellere landen, an dass d'Ofholze vu Bëscher an den Exportstaate wéinst enger méi héijer Demande u landwirtschaftleche Produiten zouhëlt.
Hei wier et wichteg, dass d’EU hier Standarden och beim Import afuerdert, ënnersträicht de Jeff Boonen: "Mir hu Kontrollen op de Grenzen, wéi och hei um Fluchhafen, wa Saachen an de banneneuropäesche Raum kommen iwwert eis Fluchgesellschaft, da si schonn déi verschidde Landwirtschaftsministèren, déi hir Agencen hunn, déi kënnen do Analyse maachen". Beim Déierewuel wier een awer ugewisen op Kontrollen op der Plaz.
Mercosur-Ofkommes: Import vu Fleesch vergläichsweis kleng
D'Kommissioun huet dat gréisste Fräihandelsofkommes vun der Welt mat Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay no iwwer 25 Joer Verhandlungen op de Ratifizéierungswee bruecht. Den Handelsdeel gëtt am EU-Parlament an am EU-Rot ofgestëmmt, de politeschen Deel vun den nationale Parlamenter. Mam Ofkommes soll de gréissten Deel vun de reziproken Douanestaxen ofgeschaaft ginn. De Jeff Boonen assoptimistesch, dass den Handelsdeel wäert a Kraaft trieden.
Fir besonnesch sensibel Secteure wéi déi europäesch Landwirtschaft ze schützen, gëtt zum Beispill fir den Import vu Rëndsfleesch eng Quot vun 99.000 Tonnen agefouert. Dat wier am Verglach vum globalen europäeschen Import relativ wéineg: “d'Suerg gëtt nach ëmmer, ass nach ëmmer do, well een net weess, wéi d'Marchéen evoluéieren. Mee et ass awer richteg, wéi Der sot, mir schwätzen hei vun 1,5 % vum Fleesch wat mer (global, Nott vun der Redaktioun) importéieren. Fir si dohanne mécht dat 4% vun hirem Export aus. 96% vum Fleesch vun de Mercosur-Staate ginn a China. Also mir musse wësse vu wéi enge Quantitéite mer hei schwätzen. An dofir mengen ech och, dass net déi 1,5% zousätzlechen Importer, déi méi bëlleg erakommen, hei wäerten esou ee Risen-Impakt hunn. Et ass jo nach eng zousätzlech Sécherheetsgarantie do. Wann de Präis ze vill géif falen, da kann direkt ee Land bei der Kommissioun eigentlech d'Rout Kaart weisen an da kéint den Accord ausgesat ginn”.
International
D’Ofkommes net ze ratifizéieren, kéint ee sech net leeschten, erkläert den Deputéierten: "dofir war et och kloer fir eis als CSV, an de Premier huet et am État vun der État de la Nation jo annoncéiert, dass mer deem Accord wäerten zoustëmmen. Et ass an dëser geopolitescher Lag einfach wichteg, dass Europa nei Partner huet, dass Europa verlässlech Partner huet an en Handelsaccord, deen iwwer 20 Joer verhandelt huet“. Mëttlerweil ass China de wichtegsten Handelspartner vun de Mercosur-Staaten.
Reduktioun vum EU-Budget fir Landwirtschaft
Nieft Mercosur sinn d’Baueren net frou iwwert eng däitlech Reduktioun vum direkte Budget fir d’Landwirtschaft am nächsten EU-Budget, dee geet vun 390 Milliarden Euro erof op 300 Milliarden. Amplaz sollen d’Baueren awer kënnen Aiden aus anere Budgete kréien. Den CSV-Deputéierte gesäit d’Verantwortung elo bei der Regierung: "800 Milliarde sinn dran an deem Dëppen, déi elo virgesi si fir d'regional Entwécklung. An elo ass et un eiser Regierung, fir do natierlech déi néideg Dëppen ze fannen oder déi Projeten opzebauen, fir kënnen déi Suen an d'Landwirtschaft ze zéien. Well mir kënnen eis elo net leeschten, an där Situatioun, wou mer esou en Handelsaccord stëmmen, wou mer grouss Challengen hunn am Klima an am Ëmweltschutz, fir manner Suen ze hunn, fir déi unzegoen."
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.