E Méindeg de Moie war d'parlamentaresch Rentrée Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et huet een d'Impressioun, dass de Sozialdialog eng ferme Téitsch kritt huet. Mä: eng Téitsch kann ee flecken, sot den DP-Fraktiounschef e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Gewerkschaften haten am CPTE, dem Comité permanent du travail et de l'emploi, jo d'Dier geklaakt. De Gilles Baum huet präziséiert, dass hien dowéinst d'lescht Woch zesumme mat Parteikolleegen, d'Union des syndicats empfaangen hat. Et hätt een festgehalen, dass een an Zukunft wéilt, duerch Bipartitte mam jeeweilege Fachminister den Dialog mat der Regierung oprechterhalen. Et wier wichteg, dass een matenee schwätzt an no Léisunge sicht. Besonnesch am Zäitalter vun WhatsApp an TikTok. De Sozialdialog wier een Atout a géing eis och differenzéiere vun anere Länner. Dat dierft een net op d'Spill setzen, sou den Gilles Baum.

Pensiounsreform: Lues a lues adaptéieren

Kritik, datt d'Rentereform net laangfristeg genuch géif geplangt ginn, léisst den Deputéierten net gëllen. 
Well et géif vill Variabele ginn, déi een net kéint virausgesinn. Ugefaange mat der Ekonomie, déi zanter e puer Joer scho méi lues dréint, wéi een dat gewinnt war. Donieft hätt een e Populatiounswuesstem, deen net géing garantéieren, dass mer an Zukunft genuch Leit hunn, déi an d'Pensiounskeesen abezuelen.

D'Grenzregioun géing do och net méi souvill Leit hiergi wéi fréier. Déi wier carrement ausgedréchent. Donieft wéisst een och nach net, wéi een Impakt déi Kënschtlech Intelligenz an d'Digitaliséierung op d'Aarbechtswelt wäert hunn. Genee dofir bräicht een eng "Politik vun de klenge Schrëtt" mat enger reegelméisseger Evaluatioun vum Pensiounssystem. Aktuell géing een op e Mix setzen aus Kotisatiounserhéijungen a luesen Upassungen. Mä bei den nächste Wale wäert all Partei sech ganz däitlech misse positionéieren, sou den Invité.

Aktiv eppes géint d'Aarmut maachen 

D'DP-CSV Regierung ass geschwënn zwee Joer um Rudder. Zanterhier wier net vill fir d'Wuelbefannen vun de Leit geschitt. Dat hat d'LSAP op hirer Rentréespressekonferenz kritiséiert. De Gilles Baum wollt de fréiere Koalitiounspartner drun erënneren, wat een alles gemaach hätt: gratis Schoulbicher an Kantinne am Primär, e steierfräie Mindestloun, eng Hausse vum Crédit d'impôt monoparental an vun der Subvention loyer. Donieft wäert geschwënn den nationale Plang fir d'Bekämpfung vun der Aarmut an der Chamber presentéiert ginn. Do géing een deene Leit aktiv ënnert d'Äerm gräifen, déi e klengt Akommes hunn.

Brauch et geschwënn Vollzäit-Deputéierter?

Obwuel déi parlamentaresch Rentrée an der Verfassung fir den 2. Dënschdeg am Oktober virgesinn ass, schaffen d'Deputéiert schonn zanter Ufank September, well et ëmmer méi ze maache gëtt.

Staatsbeamte ginn als Deputéiert komplett fräigestallt. Dat sinn 26 vun 60 Deputéierten an der Chamber. Déi aner 34 sinn entweder Independanten, Salariéen oder sinn an der Pensioun a kréien 20 Stonne Congé politique. An vun do kënnt natierlech d'Demande, fir op 40 Stonnen ze goen. Déi Demokratesch Partei wéilt sech där Demande net verschléissen, erkläert de Gilles Baum. Mä et misst ee weiderhin garantéieren, dass d'Chamber divers ass an dass Leit vertruede sinn, déi vläicht nach niewelaanscht schaffen an doduerch vill méi matkréien, wat dobaussen "um Terrain" leeft. Et wäert een also fréier oder spéider mussen op déi 40 Stonnen eropgoen, mä et dierft een kengem verbidden, am Beruff kënnen ze bleiwen, sou den Gilles Baum.

Invité vun der Redaktioun: Gilles Baum

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.