"Et muss en Ëmdenke kommen, fir de Beruff vum Veterinär attraktiv ze halen"
E Mëttwoch de Moie waren d'Hausdéieren Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déierendokter wier sécher en Dramberuff, mä et misst een e mat vill Idealismus maachen, dat sot d'Dr. Malou Blasen e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. Si ass Déierendoktesch an d'Presidentin vun der AMVL, der Associatioun vun de Veterinären hei am Land. Iwwer 300 Veterinäre gëtt et zu Lëtzebuerg, ronn 280 këmmere sech ëm d'Kleng- a Groussdéieren.
Vill Drock a Bashing
D'Aarbecht wier ustrengend. Et géif vill Drock ginn. Ënnert anerem och wéinst den Euthanasien, also Déieren aschléiferen, déi och de Veterinär belaaschten. Och d'Erwaardungen an d'Kritik vu ville Clientë suergt fir Drock. D'Kritik un hirer Aarbecht oder wann een net direkt e Rendez-vous kritt, wier och méi grouss wéi bei engem Human-Medezinner. Et géif e reegelrechte "Bashing" gi besonnesch op de sozialen Netzwierker. Nieft de verbale géifen et och deels physesch Aggressioune ginn.
Beruff attraktiv halen
Alles dat géif de Beruff manner attraktiv maachen, wat zu engem Manktem un Déierendoktere féiert. Ëmmer manner Jonker studéiere Veterinärmedezin. All Drëtte géif nom éischte Joren am Beruff ophalen. An et wieren och vill Fraen am Beruff, wat d'Penurie verschäerft. Et misst ee kucken, fir de Beruff attraktiv ze halen. D'Veterinäre wieren net just Déngschtleeschter. Ëmmer méi Leit hunn och en Déier an d'Demande geet och an deem Sënn an d'Luucht.
Präisser net festgeluecht
D'Kritik un de Präisser vun de Veterinäre war och e Sujet. D'Präisser wären net gereegelt, jidderee kéint froe wat e wéilt. Ofschwätzen ass net erlaabt. D'Soine fir d'Déiere wären och ëmmer méi pousséiert mat Bluttanalysen, Röntgen oder Ultraschall an dat géif natierlech Geld kaschten.
All Déierendokter muss Garde maachen
All Veterinär muss hei am Land ofwiesselend Garde maachen. Bis Hallefnuecht oder de Weekend. An der Nuecht huet eng vun den zwou Klinicken, Krakelshaff oder Bäreldeng, Déngscht. Éier een an d'Urgence fiert, muss een och ëmmer virdrun uruffen.
Wéi gutt geet et den Hausdéieren?
Wéi gutt geet et de Lëtzebuerger Déieren? Déi, déi net gutt gehale ginn, géife meeschtens net bei de Veterinär goen, seet d'Dr. Blasen. An et géif Déiereschutzorganisatioune ginn, déi oppassen. Villäicht géif et munchen Hausdéieren haut awer ze gutt goen, gëtt d'Déierendoktesch ze bedenken. Si wären dacks e Partner- oder Kandersaz. Et géif haut esou vill onnéideg Gadgete ginn. An den Hond soll net nëmmen um Kannapee gehale ginn, mä misst och eraus fir e richtege Spadséiergang.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.