Zuchaccident, Containerduerf, School-Leaks an Asylpolitik

Lucien Montebrusco (Tageblatt), Claude Karger (Journal), Eric Ewald (RTL), Dani Schumacher (Wort) an Ali Ruckert (Lëtzebuerger Vollek).
D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit...
Iwwert d’Immigratioun- an Asylpolitik, d'juristesch Néierlage vum Staat a Saache Containerduerf Stengefort a School-Leaks an d'Zuchaccident op Vältesdag goung am Presseclub Rieds.
Eppes méi wéi 10 Joer nom schroen Zuchaccident mat 6 Doudege bei Zoufftgen ass en Dënschden no bei der Beetebuerger Gare de Triage en anert déidlecht Ongléck geschitt. E Gidder- an e Persounenzuch waren do aneneegerannt. De Bilan vun der Kollisioun ass een Doudesaffer an zwee Blesséierter, woubäi d’Accident vill méi uerg hätt kënnen ausgoen. Op engem Point-presse knapp 4 Stonnen nom Ongléck hat de Minister François Bausch nach viru Spekulatioune gewarnt, ma séier hunn d’CFL e Communiqué erausginn, fir matzedeelen, dass de Maschinist vum Persounenzuch duerch Rout gefuer wär. Zwee Deeg drop huet dunn eng franséisch Gewerkschaft decidéiert, dass keng hirer Maschiniste méi op Lëtzebuerg géife fueren. Wéi eng Konsequenze muss een aus dem Accident zéien, v.a. wat d’Sécherheetssystemer ugeet? Doriwwer hu sech eis Journalistekollegen ënnerhalen.
Mir hunn eis an dësem Presseclub donieft mat de juristeschen Néierlage vum Staat a Saache Containerduerf Stengefort a School-Leaks befaasst, déi Froen opwerfen, a mat der Immigratioun- an Asylpolitik, déi am Gaangen ass, eng aner Nues ze kréien.
D'Invitéen am Presseclub um Sonndeg:
de Claude Karger vum Journal
de Lucien Montebrusco vum Tageblatt
den Ali Ruckert vum Lëtzebuerger Vollek
an d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.