D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit...

Den Europadeputéierten Engel, dee mat Mandat d'Arrêt duerch den Aserbaidschan gesicht gëtt, den Nach-ADR-Politiker Thein, dee riskéiert aus senger Partei ausgeschloss ze ginn an de Kommissiounspresident Juncker, dee Visiounen fir d'EU huet - 3 Politiker, déi d'Aktualitéit markéiert hunn.

Laanscht d'Politik vum Donald Trump kënnt ee wuel knapps nach an de Commentairen an iwwert de François Fillon a seng Campagne fir d'Presidentiellen a Frankräich muss och geschwat ginn.

Dëst sinn eis Sujeten dës Woch am Presseclub.

Mat dobäi waren

den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt

de Marc Schlammes vum Wort

de Raymond Klein aus der Woxx

an de Romain Hilgert aus dem Land.

AUDIO: Presseclub vum 5. Mäerz: Thein, Engel a Juncker

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.