Preparative Gemengewahlen, Réimesch Verträg an de Brexit

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit...
D'Aktualitéit gëtt vun de Parteikongresser an de Preparativen op d'Gemengewahlen dominéiert. Dobäi interesséiert awer och den Anniversaire vun de Réimesche Verträg, wou d'Zukunft vun der EU am Bléckpunkt stoung - an där selwechter Woch huet Groussbritannien d'Scheedung vun der EU agereecht.
D'Press kuckt dann natierlech och ëmmer nees gespaant op déi neist Chifferen aus der Medien TNS-Ilres-Etude.
Iwwer all dës Sujeten schwätze mer mat de Journalistekollegen.
Invitéen am Presseclub sinn um Sonndeg:
Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt
d'Michèle Sinner aus dem Land
de Richard Graf vun der WOXX
an de Christoph Bumb aus dem WORT
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.