Affär Jost, no de Wahlen a Frankräich an US-President

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren hunn déi national an déi international Aktualitéit analyséiert...
Ëm d'Affär Jost, de Sträit am Comité pour la mémoire de la deuxième Guerre mondiale an d’politesch Entwécklungen a Frankräich an, an den USA geet et am Presseclub.
Et hat definitiv eppes vun engem Déjà-vu, wéi d’lescht Woch bekannt gouf, dass et bei der Transportfirma Jost zu Perquisitiounen an Interpellatioune koum. Et huet ee sech, fir e Wuertspill ze gebrauchen, zerécktransportéiert gefillt an d’Joer 2002. Deemools ware jo hei am Land d’Affär Kralowetz an domat onkauscher Praktiken am Secteur vum Stroossentransport opgedeckt ginn. Dono sollt alles besser ginn, et sollt zu méi effikasse Kontrollen an zu Reforme kommen, ma wann ee Politiker a Gewerkschaften nolauschtert, dann ass éischter näischt geschitt. Op alle Fall schéngt nach ëmmer vun Onkloerheeten an den Texter profitéiert ze ginn, fir Camionschaufferen fir en Hongerloun schaffen ze loossen. Kënnt elo endlech dat grousst Erwächen?
Mir befaassen eis an dësem Presseclub donieft mam Sträit am Comité pour la mémoire de la deuxième Guerre mondiale, dee virun allem un den zwee Memberen Erny Lamborelle an Henri Juda festzemaachen ass, a mat de politeschen Entwécklungen a Frankräich an, an den USA, wou op där enger Säit deen neie President eng nei Regierung gëtt an op där Anerer, de President an de Laberente schéngt verluer ze goen.
Invitéen am Presseclub waren:
Nic Dicken vum Journal
Robert Schneider vum Tageblatt
Michèle Sinner vum Lëtzebuerger Land
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.