D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit...

29 Sëtz fir d’CSV, 10 fir d’LSAP, 9 fir d’DP, 6 fir déi Gréng a jee 3 fir déi Lénk an d’adr: Dat wär, dem rezente Politmonitor vun TNS-IlRES no, d’Mandatsverdeelung an der Chamber, wa leschte Sonndeg gewielt gi wär. Deemno wär virun allem d’CSV mat engem Plus vu 6 Sëtz de grousse Gewënner vun de Chamberwahlen a géifen d’DP an d’LSAP mat -4 a -3 Mandater am meeschte Plomme loossen. Souguer eng absolut Majoritéit vun der CSV ass net méi ausgeschloss, wann ee bedenkt, dass dofir just nach zwee Sëtz feelen. Kënnt et dozou, oder kréien d’Regierungsparteien d’Steier an den nächste 16 Méint nach ëmgerappt?

Mir hunn eis an dësem Presseclub mam méigleche Streik am Spidolssecteur befaast, iwwert deen den OGBL wëll ofstëmme loossen, a mat de politeschen Entwécklungen a Groussbritannien an an den USA, wou op där enger Säit d’Premierministesch Theresa May, déi vun hir selwer virgezunne Parlamentswahle verluer huet a wou op där anerer Säit de President Donald Trump ferm vum Ex-FBI-Chef James Comey belaascht gouf.

Invitéen am Presseclub waren:

Christoph Bumb vum Lëtzebuerger Wort

De Claude Karger vum Journal

Den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek

De Robert Schneider vum Tageblatt

AUDIO: Presseclub vum 11/06/2017

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.