D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit.

D’CSV, d’Immigratiouns- an Aslypolitik vun der Regierung, d’Lëtzebuerger Sprooch, d’Steierreform, d’Uni, de Wuesstem vum Land an d’Zuchaccident op Vältesdag: Alles dat waren Themaen, zanter September, am Presseclub, fir deen et e Sonndeg déi lescht Emissioun vun dëser Saison war. An där Editioun si mer ë.a. nach eemol op d’Kierchefabriken an, e Sujet, deen a villen Emissioune vun all zweetem Sonnden en Thema war, op déi eenzel Politmonitoren, déi zanter der Schoulrentrée am September erauskomm sinn an déi eng kloer Sprooch schwätzen agaangen, an hunn no vir gekuckt op d’Gemengewahle vum Oktober.

AUDIO: De Presseclub vum 9.7.2017

Mat 5 Journalistekollegen hu mer donieft awer och iwwert d’international Sujeten diskutéiert, déi an de leschte Méint fir Schlagzeile gesuergt hunn, sief et d’Walen a Frankräich, Groussbritannien an an den USA, de Brexit, dee sou lues ufänkt Realitéit ze ginn, an d’Attentater, déi Europa getraff hunn.

Doriwwer hunn dëse Sonnden de Claude Karger vum Journal, de Raymond Klein vun der woxx, den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, de Robert Schneider vum Tageblatt an d’Dany Schumacher vum Lëtzebuerger Wort geschwat.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.