D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit. - Op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

CSV gestäerkt, d'Regierungsparteie geschwächt mat Datzen a villen Gemengen fir d'Gemengepäpp- a Mammen, déi op Plazen regelrecht vun de Wieler de leschte Sonndeg ofgestrooft goufen. Sou loosse sech d'Gemengewahle resuméieren. Eng Woch drop maache mer nach eng Kéier d'Analys a kucken, wat op nationalpoliteschem Plang offierft.

Am Presseclub kommen mer awer och op de Budgetsprojet 2018 ze schwätzen an doriwwer, wéi heimat soll d'Zukunft vum Land preparéiert ginn.

E Sonndeg diskutéieren an der Journalisteronn: d'Josée Hansen aus dem Land, de Raymond Klein vun der Woxx, de Marc Schlammes aus dem Wort an de Robert Schneider aus dem Tageblatt.

AUDIO: Presseclub vum 15. Oktober 2017

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.