D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit. - Op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Esch kritt en CSV-Buergermeeschter... du jamais vue am soss déif roude Minett ... Chance oder politescht Taktéieren?

Wat halen d'implizéiert Acteure vum Rifkin-Prozess? Si haten dës Woch d'Wuert an der Chamber.

Eng besser Protektioun vu Whistleblower op EU-Niveau a Lëtzebuerg kritt eng fusionéiert Journalisten-Gewerkschaft - alles Sujeten e Sonndeg am Presseclub.

An der Journalisteronn dobäi:

de Roy Grotz vun RTL
d'Dany Schumacher aus dem WORT
de Claude Karger vum Journal
den David Marques aus dem Quotidien
an de Luc Caregari vun der WOXX.

AUDIO: Presseclub vum 29.10.17

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.