D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit. - Op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

D'Resultater aus dem Politmonitor, d'Zukunft vun der asbl Esch 2022, déi zweet Phas vum Brexit, e Bréif vum Vizepremier Schneider un den CSV-Spëtzekandidat Wiseler an en neit Mobilitéitsgefill duerch den Tram - alles Sujeten, déi dëser Deeg d'Aktualitéit bestëmmt hunn.

Mir hunn an eiser Sonndes-Journalisteronn driwwer geschwat.

Invitéen am Presseclub um Sonndeg waren:

d'Dani Schumacher aus dem Wort,

den David Marques vum Quotidien,

de Richard Graf vun der Woxx,

an d'Josée Hansen aus dem Land.

AUDIO: Presseclub vum 10. Dezember 2017

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.