Lescht Regierungs-Projeten, Oppositioun, Wahl-Sujeten 2018

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit. - Op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.
D'Regierung huet hire leschte Staatsbudget presentéiert a wëll Land a Leit mat Rifkin an aneren digitalen a Space-Mining-Projeten fit fir d'Zukunft maachen. Trotz allem läit d'Equipe vum Premier Bettel net an der Gonscht vun den aktuelle Wielerëmfroen an Politsondagen.
Wat muss nach geschéien, fir d'Rudder erëmgedréint ze kréien? Hunn d'Gemengewahlen awer nach en Impakt op d'national Politik?
Wéi schléit sech d'Oppositioun a wat ginn d'Wahlkampfsujeten 2018?
Invitéen an der Spezial-Editioun beim Roy Grotz sinn:
d'Dany Schumacher aus dem Wort
den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt
de Raymond Klein vun der Woxx
de François Aulner vum Paperjam
an de Claude Karger aus dem Journal.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.