D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit. - Op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Et gëtt e spannend Joer net nëmmen fir d'Press - d'Wahle stinn an d'Haus an d'Parteie kucke sech sou gutt wéi méiglech ze positionéieren. Bréngt den Dräier-Block dat zesummen fäerdeg oder gëtt eleng gekuckt, nees un de Pouvoir ze kommen?

Bettel, Schneider, Wiseler oder eventuell och nach Reding, Frieden, Asselborn an Anerer, déi sech beruff fillen, fir de Staatsministère z'iwwerhuelen?

Op wat stellt sech d'Press am Neie Joer an a wéi ginn d'Campagnen vun de Parteien begleet, fir faktuell och de Leit Inhalter ze bidden?

AUDIO: Presseclub vum 7.1.18

Invitéë beim Roy Grotz waren:

D'Chefredaktere Marc Schlammes aus dem Wort
de Romain Hilgert vum Land
an de Claude Karger aus dem Journal
grad wéi de Lucien Montebrusco aus dem Tageblatt.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.