Huet déi éischt Woch vum Bommeleeër-Prozess schonn Erkenntnisser an iergendeng Richtung bruecht?

Geet d'Aarbecht vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun sou virun, wéi et sollt? A kënnt de Sozialdialog no der Tripartite-ähnlecher-Réunioun, d'lescht Woch, vum Comité permanent du travail et de l'emploi nees op Touren?

Dobäi kënnt nach de Volet Sozialdialog/sozial Gerechtegkeet, mam Panorama vun der Chambre des Salariés an där Etüd iwwert d’sozial Gerechtegkeet an OECD-Länner.

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden den Nic Dicken vum Journal, de Richard Graf vun der woxx, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek.

AUDIO: Presseclub

De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu.