Ass beim Bommeleeër-Prozess nach den Duerchbléck ze behalen, v.a. no den Entwécklunge vun de leschten Deeg?

Kënnt d'LSAP an déi nächst Regierung, wëssend dass dofir hir Iddie sollen ëmgesat ginn? A setzt d'CSV op d'Léise vu wichtege soziale Froen, fir d'Sujete Bommeleeër a Geheimdingscht aus de Schlagzeilen ze kréien? Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden d'Laurence Harf vum Jeudi, de Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land, de Claude Karger vum Journal an de Jean-Claude Wolff vum Radio 100,7.

De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu.