Ministeren, Monitor, 1. Mee

Ënnert anerem ëm d'Regierungsëmbildung, de Politmonitor an den 1. Mee geet et um Sonndeg de Moien am Presseclub.
Kënnen déi nei Ministere Martine Hansen a Marc Spautz bis d'Enn vun der Legislaturperiod nach Akzenter setzen? Muss de rezente Politmonitor, wat d'Politikverdrossenheet ugeet, net ze denke ginn? A sinn d'1. Mee-Feiere vun LCGB an OGBL dem Eescht vun der sozialer Lag vum Land gerecht ginn?
Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden den Nic Dicken vum Journal, de Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek.
De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu.