D'Journalisteronn déi Kéier aus der Rockhal vum europäesche Biergerdag iwwert d'Zukunft vun Europa.

D'Leit wëlle keng Neiwahlen, soe se an engem RTL-Sondage, an awer gesi se d'politesch Responsabilitéit vum Staatsminister engagéiert – ee Paradox oder gesonde Mënscheverstand?

Dat froe mer ënnert anerem Journalistekollegen an eiser Emissioun „Presseclub“.

De Presseclub innovéiert fir seng lescht Editioun virun der Vakanz a plënnert vun de Studioen um Kierchbierg an d'Rockhal.

Am Presseclub: d'Michéle Sinner vum Land, de Marc Schlammes vum Wort, de Claude Karger vum Journal an de Richard Graf vun der WOXX.

AUDIO: Presseclub

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och am Audio-Archiv an an der News-Rubrik "Presseclub" fannt.