Entsprécht déi rout-blo-gréng Gambia-Koalitioun dem Wielerwëllen? Sinn d'Knackpunkten tëscht den 3 Parteien an de Koalitiounsverhandlungen z'iwwerwannen?

A kommen ënner Ëmstänn iwwerraschend Quereinsteiger an d'Regierung eran?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden den Nic Dicken vum Journal, de Richard Graf vun der woxx, d'Josée Hansen vum Lëtzebuerger Land an d'Laurence Harf vum Jeudi.

AUDIO: De Presseclub lauschterern

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.