Koalitiounsverhandlungen

Heiansdo verlauschtert een eenzel programmatesch Detailer, déi hannert den zouenen Dieren debattéiert ginn ...
D'Koalitiounsverhandlungen lafen, heiansdo verlauschtert een eenzel programmatesch Detailer, déi hannert den zouenen Dieren debattéiert ginn, ma et heescht fir d'Press, dass sech muss gedëllegt ginn.
Experte goufe mat an d'Boot geholl, fir dem Land de politeschen Renouveau ze verschreiwen ... parallel lafen d'Rumeuren, wien dann elo wéi ee Ministeschposten kritt a wien Urecht drop huet ...
Iwwert all dat diskutéieren mer e Sonndeg mat de Journalistekollegen. Invitéen am Presseclub sinn de Claude Karger vum Journal, de Romain Hilgert vum Land, de Richard Graf vun der WOXX an de Marc Schlammes aus dem WORT.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.