D'Prioritéite fir d'neit Joer vun der Regierung, d'geplangt Kenia-Koalitioun zu Déifferdeng an d'Déngschtwon-Affaire vun der Staatsekretärin Closener...

Dat sinn nëmmen e puer vun de Sujeten, déi dës Woch dominéiert hunn.

Themen, déi dann och e breeden Echo an der Press kruten.

Am éischte Presseclub am Neie Joer kommen mer heirop ze schwätzen...

Invitéë sinn d'Laurence Harf vum Jeudi, d'Dani Schumacher vum Wort, den Raymond Klein vun der Woxx an de Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land.

AUDIO: 12/01/2014 Presseclub

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.