Budget, Finanzministère, EVP, Ukrain,...

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
De Budget ass deponéiert, domat huet d'Regierung op mannst am Usaz gewisen, wou d'Rees mat de Finanzen déi nächst Méint higeet. En Zukunftsprojet oder glat a guer keng Visiounen fir d'Zukunft? Et ass driwwer ze schwätzen...
Rieds geet dëser Deeg awer och iwwer d'Ambiance am Finanzministère, d'EVP-Spëtzekandidatur vum Jean-Claude Juncker a natierlech d'gespaant Relatiounen tëscht Russland an dem Westen...
Alles Sujeten, déi mer am Presseclub dëse Sonndeg uschwätzen.
Invitéen sinn:
de Romain Hilgert vum Land
d'Laurence Harf vum Jeudi
de Claude Karger aus dem JOURNAL
an de Marc Schlammes vum WORT.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.