D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

D'Waarden op d'Annoncen am Etat de la Nation an de Bilan vun der neier Regierung, déi ewell den éischte personelle Changement hannert sech huet, dat ware Sujeten dës Woch am Presseclub.

De Jean-Claude Juncker um Wee op Bréissel – do wou d'Bank-Geheimnis fir auslännesch Clienten definitiv gefall ass, sinn aner Themen, déi d'Medien interesséieren.

Mir sinn dodrop an op d'Auswierkunge vun de gespaante Relatiounen tëscht der EU a Russland wéinst der Krim ze schwätze komm.

AUDIO: De Presseclub vum 23.3.14

Am Presseclub hu matdiskutéiert:

de Marc Schlammes vum WORT

de Lucien Montebrusco aus dem Tageblatt

de Richard Graf vun der WOXX

an de Nic Dicken aus dem Journal

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.