D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

Vill awer net grad alles huet sech am Presseclub e Sonndeg um Dag vun den Europawahlen ëm d'EU, d'Wahlcampagne an d'Zukunft vum EVP-Spëtzekandidat Juncker gedréit.

Mir sinn och op den Hin an Hier am Management vun der Cargolux ze schwätzen komm an op d'urbanistesch Zukunft vum Land, déi jo duerch sektoriell Pläng geregelt gëtt.

Dobäi koum natierlech d'international Aktualitéit mat de Presidentiellen an der Ukrain, déi och vu Lëtzebuerger Observateuren begleet ginn ...

AUDIO: Presseclub

Am Presseclub ware mat dobäi:

D'Laurence Harf vum Jeudi,

de Marco Goetz aus dem WORT,

den Nic Dicken aus dem JOURNAL,

an de Richard Graf vun der WOXX.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.