D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

Huet de Jean-Claude Juncker nach Chancen, fir EU-Kommissiounspresident ze ginn? Kënnt et wéinst Sëtz an europäesche Gremien zu éischte richtege Konflikter tëscht der CSV a Gambia? A léisen den Tram an déi 4 ugekënnegt sektoriell Pläng d'Problemer vum Land?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Sascha Bremer vum Tageblatt, de Claude Karger vum Journal, den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek an de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.