Juncker an der EU, Gambia-Bilan an nei Police-Spëtzt

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Iwwert d'Erausfuerderungen vun der EU mam Jean-Claude Juncker als Lëtzebuerger un der Spëtzt vun der Kommissioun goung natierlech och Rieds am Presseclub e Sonndeg. Well et dee leschte Presseclub ass, komme mer och op de virleefege Bilan vun der neier blo-rout-grénger Regierung ze schwätzen an natierlech op d'annoncéiert stramm Remaniementer un der Spëtzt vun der Police.
Am Presseclub dobäi waren e Sonndeg
d'Dani Schumacher aus dem WORT,
den David Angel vun der Woxx,
de Lucien Montebrusco aus dem Tageblatt
an de Jacques Drescher vum Feierkrop.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.