D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

Wat erwaart d'Land an der Deklaratioun vum Staatsminister iwwernächst Woch?

Wou setzt d'Regierung den Hiewel u fir ze spueren?

Wéi ergeet et der CSV an der Oppositioun a wat setze si der Majoritéit entgéint?

Dës Froen verbonne mam Referendum, de kontroverséierte Plans Sectoriels an den Hearinge vun der Kommissioun Juncker dës Woch an eisem Presseclub.

Et hu matdiskutéiert:

d'Josée Hansen aus dem LAND,

de Marc Schlammes vum WORT,

de Sascha Bremer vum Tageblatt

an de Nic Dicken vum Journal.

AUDIO: De Presseclub vum 5.10.14

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.