D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

Hunn d'Presentatioun vum Zukunftspak an déi vum Budget fir dat anert Joer méi Froen opgeworf, wéi Äntwerte ginn? Ass dee Pak dee richtege fir d'Zukunft? A stellt de Budget d'Weichen, fir an e puer Joer zum Equiliber zréckzekommen?

Doriwwer hu mir dëse Sonndeg mam Claude Karger vum Journal, Lucien Montebrusco vum Tageblatt, Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek an Dany Schumacher vum Lëtzebuerger Wort geschwat.

AUDIO: Presseclub

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.