Schlecht Nouvellë fir Gambia op alle Fronten

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Iwwert d’Gewerkschaftsfront géint d’Regierung, weider schlecht Sondagë fir Gambia an d’LuxLeaks-Affär geet an eppes méi wéi enger Stonn am Presseclub Rieds, Eric Ewald:
Ganz héich Wellen hunn d’LuxLeaks-Révélatioune vun der leschter Woch geschloen, dass grouss international Firmaen zu Lëtzebuerg duerch Rulinge ganz wéineg bis bal guer keng Steiere bezuelt hunn. Souguer wann d’Regierung an den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker mam Fanger och op aner Memberlänner vun der Europäescher Unioun gewisen hunn, war den Imageschued grouss a stoung Lëtzebuerg nees als Schmarotzer am europäeschen Eck. Gambia a PriceWaterhouseCoopers hu wuel betount, dass alles legal war: Mä waren a sinn d’Aktiounen, duerch déi dës Betriber souvill Steiere gespuert hunn, och moralesch ze vertrieden? Doriwwer diskutéieren dono nees 4 Journalistekollegen.
Mir befaassen eis an dësem Presseclub donieft mat deene fir d’Regierung op en Neits schlechte Resultater vun engem TNS-Ilres-Sondage fir d’Lëtzebuerger Wort an RTL, deen ë.a. gewisen huet, dass d’Leit ëmmer méi un der Kompetenz vun der Regierung zweiwelen an allgemeng manner Vertrauen an d’Politik hunn, a mat der Gewerkschaftsfront vu CGFP, LCGB an OGBL géint d’Regierung, där also och vun där Säit de Wand an d’Gesiicht bléist.
Invitée sinn de Sascha Bremer vum Tageblatt, de Claude Karger vum Journal, de Raymond Klein vun der woxx an d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.