D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

Ass den Zukunftspak mat sengen Aspuerungen dee richtege fir d'Land a gouf en net nees ze vill verwässert?

Dat ass d'Fro, déi sech no de Rencontren dës Woch tëscht Regierung a Sozialpartner ze stellen ass ...

D'Waarden op eng méiglech weider Luxleaks-Bomm, d'Zukunft vun de villdiskutéierte Plans Sectoriels an de Bilan no engem Joer Blo-Rout-Grénger-Regierung ... dat si weider Sujeten, déi net nëmmen d'Journalisten interesséieren ...

Mir hunn dës Themen e Sonndeg am Presseclub opgegraff.

Invitéen am Studio waren:

d'Michèle Sinner vum Land

de Jacques Drescher vum Feierkrop

de Richard Graf vun der WOXX

an de Marc Schlammes aus dem Wort.

AUDIO: 30/11/2014 Presseclub Roy Grotz

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.