D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

Iwwert d’Joer 2014 aus nationaler politescher Siicht, d’Finanzhëllef fir d’geschriwwe Press a LuxLeaks II goung et am Presseclub.

Viru 5 Deeg war et souwäit: Bal annerhallef Woch méi spéit wéi u sech erwaart goufen d’LuxLeaks-Revelatiounen, Deel II, public. Si hunn net sou ageschloen, wéi déi éischt Well et nach gemaach hat: Schliisslech hat de Finanzminister Pierre Gramegna an deem Zesummenhank vun engem Tsunami geschwat, eng Risewell, déi virun engem décke Mount och d’Kommunikatioun vun der Regierung mat ewechgespullt hat. Och wann an der Tëschenzäit eng Persoun wéinst ë.a. Dateklau inculpéiert gouf, bleift den Imageschued, well duerch déi nei Revelatioune kloer ginn ass, dass net nëmme PriceWaterhouseCoopers, mä och Ernst&Young, Deloitte a KPMG „gerulet“, d.h. dofir gesuergt hunn, dass grouss international Betriber ganz vill Steiere gespuert hunn. Deemno steet weider d’Fro am Raum, ob dës Aktioune moralesch ze vertriede sinn? Doriwwer diskutéieren dono nees 4 Journalistekollegen.

Mir hunn eis an dësem Presseclub donieft mat der Finanzhëllef fir d’geschriwwe Press befaasst, déi mol nach ee Joer weider besteet, iwwer 2015 eraus awer net méi garantéiert ass, a mam Réckbléck op d’politescht Joer heiheem, an deem ë.a. den Zukunftspak, d’sektoriell Pläng an eng nei Policespëtzt an der Aktualitéit waren.

Invitéen am Studio waren:

Christoph Bumb vum Lëtzebuerger Wort
Nic Dicken vum Journal
Laurence Harf vum Jeudi

AUDIO: 14/12/2014 Presseclub

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.