Charlie Hebdo, Sonndesfro, Neijooschinterview Xavier Bettel

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Iwwert d’Sonndesfro, den Neijooschinterview mam Premier op der Tëlee an de Massaker bei Charlie Hebdo goung et dëse Sonndeg am Presseclub rieds.
Vun e Mëttwoch am spéide Moie bis e Freideg am fréien Owend huet den djihadisteschen Terror zu a ronderëm Paräis gedauert: D’grujeleg Attack op d’Redaktioun vum Satiremagasin Charlie Hebdo hunn 12 Leit net iwwerlieft; bei d’Doudesaffer kommen eng Polizistin a 4 Cliente vun engem Kasher-Supermarché dobäi. Do, respektiv virun enger Imprimerie sinn déi 3 Auteure vun deenen zwou Attacken e Freiden am fréien Owend vu Spezialunitéiten erschoss ginn. D’Attack op Charlie Hebdo, déi der Fräiheet allgemeng an der Meenungs- a Pressefräiheet am spezielle gegollt hat, huet weltwäit fir Indignatioun gesuergt; si huet awer och dozou gefouert, dass ënnert de Slogane „Je suis (…)“ oder „Nous sommes Charlie“ Leit fir dës Wäerter op d’Strooss gaange sinn, och zu Lëtzebuerg. Wat sinn d’Konsequenze vun dësen Attacken op eis Fräiheet an op déi vun der Press?
Mir hunn eis an dësem Presseclub donieft mam Neijooschinterview, op der Tëlee, vum Xavier Bettel, befaasst an deem de Premier op dat lescht Joer zréck an op dëst no vir gekuckt huet, a mat der Sonndesfro am Tageblatt, aus där ervirgeet, dass rout-blo-gréng keng Majoritéit méi huet.
Invitéen am Studio waren:
De Marco Goetz vum Lëtzebuerger Wort
De Claude Karger vum Journal
De Lucien Montebrusco vum Tageblatt
Den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.