Zanter leschter Woch ass bekannt, datt de Staat d’Gebai vun de Caves du Sud fir 8,5 Milliounen Euro den Domaines Vinsmoselle ofkaaft huet.

Ee Gebai mat vill Geschicht an Traditioun: 1949 ass d’Cave du Sud vun de Wënzer aus der Regioun gebaut ginn. 2015 gouf dunn de leschten Hierscht an der Genosseschaftskellerei zu Remerschen era geholl. De Josy Gloden, President vun den Domaines Vinsmoselle:

"D'Cave du Sud hat elo keng gréisser Aktivitéite méi. Ech menge, wéi gesot, mir hunn 2015 déi leschten Drauwen erageholl hei zu Rëmerschen. Duerno sinn déi Drauwen hei vun deene Riemeschen, Schengener, Wëntrenger, Wënzer, sinn op Welleschten komm, wou se och do verschafft gi sinn, well mer einfach och do méi Plaz hätten, well mer dat Ganzt alles e bëssen zentraliséiere bei eis am Betrib. An doduerch ass hei zu Rëmerschen am Fong vun Aktivitéiten haaptsächlech nach eis Escale, déi hei ganz gutt leeft, déi och nach ëmmer op ass."
 
Den 1,4 Hektar grousse Site sollt net eidel stoe bleiwen, dofir gouf an de leschte Jore vun Domaines Vinsmoselle e PAP ausgeschafft:
 
"Do ass 2017 am Conseil d'Administration beschloss ginn, dass mer op de Wee géife goen, hei deen Terrain vun 1,4 Hektar, vu dass mer d'Gebai am Fong net méi gebrauchen, wou mer gesot hunn, mir maachen e PAP dorop. An do hu mer 2018 déi ganz Etüden lancéiert. An do ware mer am Fong geholl bis Dezember 24 Januar 2025 amgaang, bis dee PAP duerchgaangen ass."
 
Dëse Projet hätt een awer net selwer kéinten exploitéieren, dofir ass ee bei Vinsmoselle frou datt de Staat, a méi genee d’SNHBM, sech dësem ugeholl huet. D’Detailer vum Projet ginn den Ament nach ausgeschafft, ma et soll ee liewege Site ginn. De Guy Entringer, Generaldirekter SNHBM:

"D'Vinsmoselle huet aktuell do eng Wäistuff, déi soll absolut sur place bleiwen. An da musse mer kucke wat de Staat, respektiv d'Gemeng nach vläicht och un Iddien huet, wat een do kéint ënnerbréngen. Ech hu gëschter Kontakt gehat mam Buergermeeschter, deen huet eng éischt Iddi. Mir hunn Interêt, dass do eppes soll bleiwen. Mir si frou, et ass en historesch geschützt Gebai, do soll Liewe sinn, do ass Liewen aktuell an do soll och Liewe bleiwen an Zukunft, an dann eben nach Wunnenge ronderëm kommen, bezuelbarer, fir dass och méi Leit kënnen dohinner wunne goen. An ech mengen och, d'Gemeng ass der Saach ganz positiv gestallt."
 
Bis datt den éischte Bagger um Site rullt, mussen awer nach eng Rei Tanken a Fässer eraus geholl ginn. Och d’Haaptgebai vir ass geschützt a muss erhale bleiwen. Fir d’SNHBM wier dat een Defi, deen een awer gäre géif unhuelen.