Trennung vu Kierch a Staat

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Fir déi eng ass et eng Trennung vu Kierch a Staat, déi en historeschen Akt ass, fir déi aner ass d'Mass nach net gelies an et bleiwen nach vill Froen opstoen.
D'CSV kënnt der Regierung entgéint, wat d'Ännere vun der Verfassung ugeet; parallel gëtt eng Fro am Referendum fale geloos.
Ass dat esou wéi et annoncéiert gouf?
Wat ass elo nach vum Referendum ze halen?
Dës an vill aner Froen, déi d'Aktualitéit dominéieren wéi d'Wahlen a Grichenland stelle mer e Sonndeg am Presseclub:
Invitéen sinn
d'Laurence Harf vum Jeudi
de Jean-Lou Siweck aus dem Wort
d'Michèle Sinner aus dem Land
an de Luc Caregari vun der Woxx.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.