Congé parental, d'Police an de Referendum

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
De Congé parental gëtt reforméiert: Dat ass de Wëlle vun der rout-blo-grénger Regierung. De Wee dohi kéint awer nach e knubbelege ginn, wann ee gesäit, wéi wäit d’Gewerkschaften an d’Patronat en Dënschden an hire Vuen iwwert den zukünftegen Elterecongé ausenee loungen. Dobäi schéngt dee Congé parental, deen an Zukunft och nëmme 4 Méint laang soll kënne sinn, e Succès ze sinn: Engem Sondage no, deen e Méinde presentéiert gouf, sinn nämlech 3 vu 4 Leit dem Elterecongé positiv gesënnt; donieft sinn zejoert ëmmerhin 71 Milliounen € dofir ausgi ginn! Wéi sou dacks gëtt elo awer tëscht de Gewerkschaftler an de Patrone gestridden, ë.a. ëm d’Suen; dobäi kënnt awer d’Diskussioun doriwwer, bis zu wéi engem Alter vum Kand een de Congé parental soll kënnen huelen, an awer och déi iwwert de Kënnegungsschutz. Mécht d’Patronat mat senger Positioun dozou indirekt schonn Drock op Leit, déi den Elterecongé an Zukunft huele wéilten?
Mir hunn eis an dësem Presseclub donieft mat der Police befaast, déi zanter der leschter Woch en neie Generaldirekter huet, a mam Referendum, deem seng Informatiounscampagne e knappe Mount dauere wäert.
Invitéë waren d'Laurence Harf vum Jeudi, de Claude Karger vum Journal, den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek an d'Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.