Parteikongresser, Referendum a School-Leak

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Et ass de Weekend, op deem d'Saison vun de Parteikongresser ufänkt: ADR, déi Gréng an d'LSAP maachen den Optakt - eng Oppositiounspartei, zwou aus der Regierung – et dierf ee gespaant sinn, wéi de Referendum vun deene Parteien an de Mëttelpunkt gestallt gëtt ...
An deem Mëttelpunkt stoung dës Woch vill d'Schoulpolitik mam Leak vun den Testfroen am Fondamental, mä och den Inhalt vum neie Waerteunterricht - de Minister bleift gefuerdert ...
Ënnert anerem iwwert dës Sujeten hu mer mat eise Journalistekollegen. Invitéen am Presseclub waren dëse Sonndeg:
d'Josée Hansen vum Land, de Marc Schlammes aus dem Wort, de Richard Graf vun der Woxx an de Lucien Montebrusco aus dem Tageblatt.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.