School-Leaks, Fonds de Logement, Terror an GermanWings

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Un Nouvellen huet et an de leschte Wochen net gefeelt. Un der Press ass et, fir d’Onmass un Informatiounen ze duerchliichten, déi wichteg erauszefilteren an eng richteg Gewiichtung ze fannen.
Ma wéi huet d'Press sech mat School-Leaks an den aneren Affären auserneegesat? Wéi ee Stellewäert huet den investigative Journalismus iwwerhaapt am Grand-Duché? Anwar et richteg, Numm a Foto vum Co-Pilot ze publizéieren? Ënnert anerem dës Froen wäerte mer mat eise Journalistekollegen thematiséieren.
Invitéen am Presseclub sinn:
den Christophe Bumb vum Lëtzebuerger Wort,
den Robert Schneider vum Tageblatt,
den Nick Dicken vum Journal,
den Laurent Graaff aus der Revue
an den David Marques vum Quotidien
De Presseclub héiert Dir um Sonndeg tëscht véirel op 11 an 12 op RTL Radio Lëtzebuerg.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.