D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

Ass d'Debatt iwwert de Referendum bis ewell den héijen Erwaardunge gerecht ginn?

Waren d'Problemer vun Acteuren aus dem Fleegesecteur net virauszegesinn?

A gëtt et tëscht dem Patronat an de Gewerkschaften nees Sträit wéinst dem Congé vun de Salariéen?

Doriwwer hunn dëse Sonnden de Richard Graf vun der woxx, d'Laurence Harf vum Jeudi, de Claude Karger vum Journal an de Jean-Lou Siweck vum Lëtzebuerger Wort geschwat.

AUDIO: Presseclub vum 31.5.15

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.