D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

D'Suitte vum Referendum an den Impakt op d'Lëtzebuerger Politik hunn d'ganz Woch iwwer an de Medien dominéiert.

Wéi e Spillraum fir Reformen huet d'Koalitioun nach a kann een nees mat de Wieler an d'Gespréich kommen?

Wat ass iwwerhaapt e Resultat aus engem Referendum politesch wäert?

A gëtt et dann elo wierklech dee Rass duerch d'Land, vun deem esou dacks geschwat gëtt?

Am Presseclub hunn dëse Sonndeg d'Dani Schumacher aus dem Wort, den David Angel vun der Woxx, d'Josée Hansen aus dem Land an den David Marques vum Quotidien diskutéiert.

Rendez-vous war e Sonndeg fir den RTL-Presseclub tëscht Véierel op 11 an 12.

Moderatioun: Roy Grotz.

AUDIO: Presseclub

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.