D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

De Nationalfeierdag ass eriwwer, d'Politik preparéiert sech op d'EU-Presidence – a kritt et direkt mat der Finanz-Problematik a Griicheland ze dinn.

Sinn national d'Nowéie vum Referendum verdaut a wéi handlungsfäheg a reformfreedeg ass d'Regierung nach?

Wéi eng Hausaufgaben mussen nach virun der politescher Summervakanz erliedegt ginn?

Dat hu mer dëse Sonndeg am Presseclub gefrot.

Invitéë waren

de Romain Hilgert aus dem Lëtzebuerger Land

de Raymond Klein vun der Woxx

de Lucien Montebrusco aus dem Tageblatt an

de Marc Schlammes aus dem Wort.

AUDIO: Presseclub vum 28.6.15

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissioune" fannt.