D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

Fält den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker iwwert déi ominéis Säit vum Krecké-Rapport a Saache Rulingen? Ass Lëtzebuerg prett fir den Accueil vu weidere Flüchtlingen? A bréngt d’Nordstrooss de Leit am Éislek dat, wat si sech erwaart hunn?

Doriwwer hunn dëse Sonnden d’Laurence Harf vum Jeudi, de Claude Karger vum Journal, den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek an d’Dany Schumacher vum Lëtzebuerger Wort geschwat.

AUDIO: Presseclub

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.