Flüchtlingskris, VW-Skandal an Artuso Rapport

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
D'Repercussioune vun der Flüchtlingskris op Lëtzebuerg, de VW-Skandal an déi ganz ënnerschiddlech Reaktioune vun Historiker iwwert de Rapport Artuso.
3 Sujeten, déi déi lescht Zäit d'Aktualitéit dominéiert hunn.
Mir hu bei Journalistekollegen nogefrot an am Presseclub e Sonndeg ënnert anerem dës Theme behandelt.
Invitéë vum Roy Grotz an der Ronn vu Journaliste waren:
de Lucien Montebrusco aus dem Tageblatt
de Luc Caregari vun der WOXX
de Marco Goetz vum Wort
an de Romain Hilgert aus dem Land.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.