Attentater vu Paräis, d'Liewe mam Terror

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Och eng Woch no den Attacken vu Paräis dominéiert just een Thema: 132 Mënsche koumen bei den Attentater ëm d'Liewen. D'Extremisten hunn d'Land, dee ganze Kontinent déif getraff. Frankräich reagéiert mam Ausnahmezoustand, déi aner Länner verstäerken d'Sécherheetsmesuren a probéieren ze hëllefen, wou et geet.
Ma wéi geet et elo virun no den Attentater? Kann een esou Attacken verhënneren a ginn d'Efforten an deem Kontext wäit genuch? Wéi kann een den Extremismus stoppen? Ass een normaalt Liewen iwwerhaapt nach méiglech?
Op dës an nach aner Froen ginn mer muer an eisem Presseclub an. Invitéen sinn:
Den David Angel vun der Woxx,
den Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land,
d'Dani Schumacher vum Wort,
d'Laurence Harff vum Jeudi,
an de Claude Karger vum Journal
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.