Wat war 2015? Wat kënnt 2016?

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
D'Joer ass nach net al, mä wat kënnt déi nächst Méint alles op eis duer?
Wat muss d'Regierung nieft Relance vum Sozialdialog, Mesurë fir den Aarbechtsmaart a Steierreform nach alles ëmsetzen?
Wéi geet et mam Accueil vu Flüchtlingsfamillje weider?
Dat si Froen, déi sech mam Bléck no vir stellen, mä och de Réckbléck zielt: Fanatismus, Terror-Menace, EU-Presidence, Récktrëtt an der Regierung - wat huet d'Dräierkoalitioun geleescht a wéi steet zu Ufangs vum Joer do?
Dat hu mer am éischte Presseclub vum Joer gefrot.
Invitéen am Presseclub e Sonndeg waren:
d'Dani Schumacher aus dem Wort
d'Josée Hansen aus dem Land,
de Raymond Klein vun der Woxx
an de Lucien Montebrusco aus dem Tageblatt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.