Sonndesfro, Klausur, Luc Frieden

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Iwwert d’CSV mat vläicht dem Luc Frieden, d’Klausur vun der Regierung an d’Sonndesfro vum Tageblatt goung an eppes méi wéi enger Stonn am Presseclub Rieds.
D’Resultater vun der jéngster Ëmfro vun TNS-Ilres fir d’Zeitung, déi der LSAP no steet, waren däitlech: Den Trend no ënne fir d’Regierungsparteie goung och an der zweeter Halschent vum leschte Joer virun! Deemno géif, wann haut géif gewielt ginn, d’DP 5 Sëtz verléieren an d’LSAP der 3; just déi Gréng géife stabel bleiwen a sech domat gutt aus der Affär zéien. E Minus vun 8 Mandater um Krautmaart féiert awer dozou, dass aus der knapper Majoritéit vun 32 Sëtz eng Minoritéit vu 24 gëtt. Op där anerer Säit leeën d’CSV (+4), d’adr (+2), déi Lénk (+1) an d’KPL (och +1) zou. Kritt rout-blo-gréng déi Tendenz nach ëmgebéit oder geet et fir déi 3 oder och nëmme fir zwou Parteie bei den nächste Chamberwalen an d’Oppositioun? Doriwwer diskutéieren dono nees 4 Journalistekollegen.
Mir hunn eis donieft mat der Klausur vun der Regierung befaasst, déi dofir zwee Deeg zu Munneref beienee souz a mat der CSV, déi an noer Zukunft vläicht nees de fréiere Minister Luc Frieden mat u Bord huet.
Invitéen:
François Aulner vum Radio 100,7
Laurence Harf vum Jeudi
Claude Karger vum Journal
Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.