D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

AUDIO: Presseclub

Den tierkeschen President Erdogan léisst Rugen verdeelen an Diplomaten aberuffen, Journaliste verhaften an Reporter attackéieren. An dat alles bannert enger Woch, an trotz de Warnungen vun EU-Spëtzepolitiker, mat deenen e gäeren iwwert ee Bäitrëtt verhandele wëll.

Gehéiert esou ee Mann un den Dësch vun den EU-Staats- a Regierungschefen. Kann d'EU esou nach weider negociéieren? Froen, déi mer e bësse méi wéi an enger Stonn an eisem Presseclub thematiséiere wäerten. Dernieft stinn awer och d'Attacken vu Bréissel nach emol am Mëttelpunkt.

35 Doudesaffer, e puer honnert Blesséierter – den traurege Bilan vun der jéngster Extremisten-Attack, dës Kéier am Häerz vun Europa. Déi 3 Explosiounen um Flughafen an an der Metro zu Bréissel ginn, wéi et ausgesäit, op de Compte vun der nämmlechter Zell, déi och fir d'Attacken zu Paräis responsabel waren. Et wier dat déi éischte Kéier iwwerhapt, datt eng Zell no engem éischten groussen Attentat nach eng zweete Kéier zouschloe konnt, an dat mat gutt 5 Méint Decalage.

Zwee vun den Auteuren hätte missen am Prisong sëtzen. Op mannst ee vun den Islamisten war den Autoritéiten esou och signaliséiert ginn. Dernieft konnt de Salah Abdeslam, een vun den Auteure vu Paräis, sech an aller Rou nëmmen e puer honnert Meter vun sengem Mammenhaus an enger Gemeng vu Bréissel verstoppen, aus där méi Extremisten erfier ginn, wéi an anere Länner zesummen. Datt eppes schief gelaf ass, läit op der Hand.

Ma wéi kann et sinn, datt sech grad an eisem Nopeschland esou vill rose jonk Männer entwéckele kënnen? Hunn d'Sécherheetsautoritéiten an der Haptstad vun Europa versot? An wéi geet et no dëser Attack elo nees virun?

Froen, déi mer dëse Sonndeg an eisem Presseclub traitéiere wäerten. Geschwat gëtt awer net nëmmen iwwert d'Attacken vu Bréissel. Ankara an seng Attitude géintiwwer der Presse an de Mënschrechter stinn och am Mëttelpunkt vun eiser Emissioun.

Et diskutéieren mat

d'Dani Schumacher aus dem Wort
de Luc Caregari aus der Woxx
de Claude Karger aus dem Journal
an den David Marques vum Quotidien.

De Presseclub um véirel op 11 hei op eiser Antenn.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.