D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...

Den Etat de la Nation huet gewisen, wou d'Regierung politesch mam Land hi wëll, mam neien PAN-Gesetz weist d'Regierung, wou se a Saachen Aarbechsorganisatioun histeiert an am Luxleaks Prozess steet d'Meenungsfräiheet mat virun de Riichter.

Genuch Sujeten, déi d'Press direkt interesséieren an interpelléieren, well Journalisten direkt viséiert sinn.

Mir kommen am Presseclub drop ze schwätzen.

Invitéen sinn:

d'Josée Hansen aus dem Land
de Claude Karger aus dem Journal
de Christoph Bump vum Wort
an de Luc Caregari vun der Woxx.

RDV fir den RTL-Presseclub muer Sonndeg tëscht Véierel op 11 an 12.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.