Politmonitor, Chamberwahlen an Éisträich

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Iwwer Éisträich, den CSV-Spëtzekandidat fir déi nächst Chamberwalen an de jéngste Politmonitor goung am Presseclub Rieds.
Deem neiste Sondage vun TNS-IlRES fir RTL an d’Lëtzebuerger Wort no bleift de Jean Asselborn, an den Ae vun de Wieler, dee mat Ofstand sympatheschsten a kompetenteste Politiker; bei de Sympathie- an de Kompetenzwäerter schneiden déi gring Ministere besser of wéi hir LSAP- an DP-Kollegen; déi Befroten haten d’Gefill, dass d’Regierung d’Situatioun vum Land besser am Grëff huet, ma d’CSV bleift kloer déi Partei, an déi d’Wieler dat meeschte Vertrauen hunn. Wann een d’Leit no där Koalitioun freet, déi fir si no den nächste Chamberwalen am wahrscheinlechsten ass, da gëtt an der Haaptsaach schwaarz-gring genannt. Wat seet dat eis am Hibléck op d’Walen an zwee Joer? Doriwwer diskutéieren dono nees 4 Journalistekollegen.
Mir hunn eis an dësem Presseclub donieft mat den CSV-Spëtzekandidate fir déi Chamberwahle befaasst, därer et elo mat Claude Wiseler, Martine Hansen, Viviane Reding a Luc Frieden 4 gëtt, a mat Éisträich, dat nom zweeten Tour vun de Presidentewale ganz knapp kee ganz rietse Statschef krut.
Invitéë waren de Richard Graf vun der woxx, de Claude Karger vum Journal, de Robert Schneider vum Tageblatt an d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.