Manif am Sozialsecteur, Sonndesfro an Iwwerschwemmungen

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
Iwwert d'Wiedere vun de leschten Deeg, d'rezent Manifestatioun vum Gesondheets-, Fleege- a Sozialsecteur an d'Sonndesfro vum Tageblatt goung am Presseclub Rieds.
27 Sëtz fir d’CSV, 10 fir d’LSAP, jee 7 fir déi Gréng an d’DP, 6 fir d’adr an 3 fir déi Lénk: Dat wär, dem Sondage vun TNS-IlRES fir d’Zeitung no d’Zesummesetzung vun der Chamber, wann den nächste Sonnde géif gewielt ginn. D’CSV an d’adr wären déi grouss Gewënner dovun an d’LSAP a v.a. d’DP déi grouss Verléierer. D’3er-Koalitioun kéim deemno just nach op 24 Mandater an der Chamber; e Véierel vun de Sëtz wär also fort. D’Majoritéit wär an der Minoritéit, an d’CSV kéint sech, souzesoen als senior partner, de Koalitionär eraussichen. Kréien d’DP an d’LSAP d’Rudder nach erëmgerappt, fir aus deem Sondagedéif erauszekommen?
Invitéë waren de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt, den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek an d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.