Brexit a Rietsextrem Parteien an der EU

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren ...
D'Briten hunn tranchéiert a reechen d'Scheedung an.
Op d'Insel waart elo e laangen Prozess vun Erausklammen aus der EU – dës Unioun muss sech politesch iwwerdenken an nei opstellen.
Wéi steet GB nom Referendum do – wéi eng Léieren muss d'EU aus dem Brexit zéien – wat bedait de briteschen Vote fir d'Parteien vun der Extreme Droite?
Den Ausgang vum briteschen Referendum beschäftegt eis natirlech och am Presseclub...Invitéen sinn:
de Marc Schlammes aus dem Wort
de Jacques Drescher vum Feierkrop
den David Angel vun der WOXX
an de Romain Hilgert aus dem Land.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.